
Lors de la finale des séniors, Junglinster a pu, après une lutte acharnée avec son adversaire, finalement s’imposer 6:1 contre Schifflange grâe aux joueurs et aux joueuses suivantes: Georgina Bland, Lisa Maria Jungerwirth, Michele Bodson, Philip Shishov, Sarkis Agopyan, Leo Hölzmer et Mattias Sonderskov.
Doublé fir Jonglenster bei de Senior’en, Izeg bei den Minimes an Weiler-la-Tour bei den Superminimes
Haut um 26. Mee sinn d’Finalen vun der Badminton Coupe de Luxembourg an Coupe des Jeunes an der Coque gespillt ginn.
Nodeems sech am Moien bei den Senioren an der ½ Final Jonglënster géint Diddeleng, an Schëffleng géint Weiler-la-Tour, all Kéier mat 5 :0 duerchgesat hunn, koum et an der Final em d’Coupe de Luxembourg 2019 um 15:00 zum Showdown tëschent dem Titelverdeedeger an Champion 2019 Jonglënster géint Schëffleng.
An enger ganz animéierter Final, wou Schëffleng dem Favorit iwwert laang Strecken den Bass gehaalen huet, konnt um Enn awer d’Ekipp aus dem Osten mam Georgina Bland, Lisa Maria Jungerwirth, Michele Bodson, Philip Shishov, Sarkis Agopyan, Léo Hölzmer an Mattias Sonderskov den Match mat 6-1, an domadder no dem Championat och den Doublé réaliséieren.
Bei der Coupe des Jeunes, ass nëmmen d’Compétitioun bei den Minimes ausgespillt huet, wou et an der ½ Final um 13 :00 zur Partie Déifferdeng géint Izeg koum, déi Izeg an engem spannenden Match mat 3-2 fir sech konnt entscheeden, fir dann um 15 :00 an der Final ob Weiler-la-Tour ze treffen, déi duerch den Forfait vun Schëffleng direkt an d’Final konnten anzéien.
An der Final konnten sech déi Jonk vun Izeg, Shirine Rahmoun, Béatrice Raskin, Liz Tavernier, Nicolay Aelmhoeld, Pol an Tom Feltes zimlech kloer mat 4-1 géint Weiler-la-Tour duerchsetzen. Domadder gelengt Izeg bei de Minimies och den Doublé, nodeems se schon den Titel am Championat konnten sëcheren.
Bei de Superminimes ass d’Coupe direkt un Weiler-la-Tour gaangen, well hei Schëffleng am leschten Moment huet missen Forfait erklären. Domadder huet Weiler bei den Superminimes och den Doublé fir dess Saison färdech bruecht.