
Op der Avenue de la Liberté am Garer Quartier gouf an der Nuecht op e Freideg eng Persoun iwwerfall. Wéi d'Police mellt wier d'Affer éischten Erkenntnisser no op de Kapp geschloe ginn, ier den Ugräifer sech mat Boergeld duerch d'Bascht gemaach huet. No enger éischter Hëllef op der Plaz koum d'Affer fir weider Traitementer an d'Spidol. D'Police huet eng Sich an d'Weeër geleet, ma déi blouf ouni Resultat. Et gëtt am Fall ermëttelt.