Header Background
Retour

Agent éducatif (m/w/d) an Carrière C2 bis C3 laut Diplom CDI 75 %

Fondation Letzeburger Kannerduerf, Etablissement d'UtilitéPublique

Publiée01.05.2026
Mir sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.

Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d'Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten?

Da kommt an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft,an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt.

Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken.

Mir freeën eis op Är Kandidatur !

Mir stellen een Agent éducatif (m/w/d) an Carrière C2 bis C3 laut DiplomCDI 75 %

Är Aufgaben:

• Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen
• Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn
• Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen

Äre Profil:

• Dir hutt en unerkannten Ofschloss, deen de gesichte Profiller entsprëcht, souwuel wéi « d'Autorisation d'exercer » wann dir Educateur diplômé sidd oder d'« Formation de l'accueil de base » wann dir Aide-éducateur sidd
• Dir sidd flexibel wat d‘Aarbechtszäiten ugeet (Dag- an Nuetschichten)
• Dir sidd teamorientéiert a bereet an engem multidisziplinären Team ze schaffen
• Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
• Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
• Dir hutt Spass un systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken an Handelen
• Dir hutt de Führerschäin (B)
• Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sprooch assi vu Virdeel

Mir bidden:

• Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
• Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, SOP, Kanner- a Jugendschutz
• Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen
• Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C2 bis C3 laut Diplom)
• Sympass Kaart

Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

• Motivatiounsbréif
• Liewenslaf mat Foto
• Kopie vum Diplom
• Autorisation d'excercer (Educateur diplômé)

Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.
Contrat proposé:
Nombre de postes :1
Type de contrat:CDI
Lieu de travail : ALZINGEN
Heures par semaine : 30 h
Profil requis:
Permis :B
Langues requises : Luxembourgish - B
French - B
German - B
Contact :
  • 9,rue de Syren
    L-5870Alzingen
Comment postuler :
Back to Top
CIM LOGO