Header Background
Retour

Gemeisgärtner/Gärtner (w/m/x) - Atelieren Lampech

APEMH, Société Coopérative

Publiée05.01.2026
Een Gemeisgärtner/Gärtner (w/m/x) - Atelieren Lampech

Schlussdatum 01/02/2026

D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht, fir hir Atelieren zu Lampech, een diploméierten Gemeisgäertner oder Gärtner (w/m/x) fir ee CDI - 40 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten

Mat engem Grupp vun Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung innovativ an kreativ an Ärer Beruffsbranch schaffen.

Obligatoresch Ufuerderungen

D'Kandidate sollen:

Am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom als Paysagist oder Gemeisgäertner sinn
Iwwert Beruffserfarung verfügen
Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung
Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
Equipeaarbecht als Bestand vu dëser Aarbecht ugesinn
Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
De Führerschäin Klass B hunn

Wënschenswäert Ufuerderungen

De Führerschäin Klass C ass vu Virdeel.

Mir bidden

attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
Contrat proposé:
Nombre de postes :1
Type de contrat:CDI
Lieu de travail : LIMPACH
Heures par semaine : 40 h
Profil requis:
Permis :B
Langues requises : Luxembourgish - B
German - B
French - B
Contact :
  • 10,Rue du Château
    L-4976Bettange-sur-Mess
Comment postuler :
Back to Top
CIM LOGO